Kultur
Waiting for ... William Kentridge
De Südafrikaner William Kentridge ass haut ee vun de bedeitsten zäitgenëssesche Kënschtler. Besonnesch bekannt si seng mat Kuel gezeechent Animatiounsfilmer, riseg Rauminstallatiounen, déi op der dokumenta oder der Biennale zu Venedeg ze gesi waren, iwwer déi déi ganz Mënschheetsgeschicht defiléiert, an zwar och mat hire kuelgroe Kapitelen.
Der Mudam-Directrice Suzanne Cotter war et gelongen, de William Kentridge op Lëtzebuerg ze invitéieren. Seng interdisziplinär Konscht presentéiert hien, bis an den Hierscht eran, net just am Mudam, mee och an der Philharmonie an am Groussen Theater. D'Kerstin Thalau am Gespréich mam William Kentridge.