Kultur
Méi Mental Noise wéi Wellbeing
Den 11. Juni ass déi lescht, och ausgebucht, Opféierung vum Spektakel "Wellbeing - Mental Noise" an de Rotonden. Et handelt sech ëm en dokumentarescht Theaterstéck mat Schauspill, Gesank, Danz, Videoprojektiounen. Wéi schätze Lëtzebuerger Lycéesschüler hir momentan Situatioun an? Doriwwer huet eng kleng Ekipp vu Kënschtler an Theaterpedagoge sech mat deene Jonken an etleche Schoulstonnen ausgetosch, fir duerno déi wichtegst Aussoen op d'Bün ze bréngen. An engem éischte Reportage hutt Dir dozou Reaktioune vun implizéierte Schüler héieren. Feele just nach d'Conclusiounen, Kerstin Thalau.