arrow_back_ios
Kultur
Och "joints, voids and gaps" kënnen Iech eppes erzielen
D'Leonor Antunes ass eng plastesch Kënschtlerin, déi 1972 zu Lissabon op d'Welt koum an déi zanter 2005 zu Berlin lieft. Dat, well si do méi Méiglechkeeten hat, mee ewell ass d'Leonor Antunes och an hirer Heemecht unerkannt, huet 2019 Portugal op der Biennale vu Venedeg vertrueden. Hir monumental Skulpturen entwërft si dacks par rapport zu enger Architektur oder engem Architekt: zum Beispill fir de "Leir Pavillon" am Mudam. D'Kerstin Thalau huet si do um Enn vum Montage begéint.