Kultur
D'Sara Noel Costa De Araujo zum Theema Wunnengsnout
Sujet vun der Juni-Editioun vun eiser Emissioun B-Radio war "Wunnen ouni Nout". Eng vun den Intervenante war d'Sara Noel Costa De Araujo. D'Architektin representéiert, bis an den Hierscht eran, Lëtzebuerg op der Architekturbiennale vu Venedeg, déi déi Kéier "How Will We Live Together?" iwwerschriwwen ass. D'Sara Noel Costa De Araujo huet dofir de Projet "Homes for Luxembourg" ausgeschafft: Modular Wunn-Unitéiten, vun 52 Meter Carré, déi jee no Besoin erweidert oder reduzéiert kënne ginn, an zwar idealerweis op vakanten Terrainen. D'Kerstin Thalau am Gespréich mat der Sara Noel Costa De Araujo.