arrow_back_ios
Kultur
Lignes de partage - 22 poètes du Luxembourg
Lëtzebuerg ass dëst Joer Éieregaascht um Marché de la Poésie, deem gréissten Poesiefestival a Frankräich. Wéinst der Pandemie goufen elo déi grouss Liesungen op d'nächst Joer vun den Organisateure verluecht. An deem Zesummenhang koum awer elo e Recueil mat Gedichter am franséische Verlag Bruno Doucey eraus, Gedichter vun 22 Lëtzebuerger AutorInnen, déi de Jean Portante zesummegestallt a wann néideg, op franséisch iwwersat huet. D'Valerija Berdi stellt "Lignes de partage" vir.