Den 11. Juni gouf den zéngte Gebuertsdag vun den Archivisten gefeiert. Just virtuell, well déi sanitär Restriktioune keng richteg Feier erlaabt hunn. Mee hei ass et souwisou manner ëm Cremant a Schnittercher, mee ëm e seriöen a wuel konstruktiven Austausch tëschent den Archivisten aus Lëtzebuerg, Frankräich an der Belsch gaangen. De Programm stoung ënner dem Motto: "Les archives comme base des sociiétés du savoir".
D'Valerija Berdi huet bei der Nicole Sahl, aktive Member vun de Lëtzebuerger Archivisten a Conservatrice am Nationale Literaturarchiv geschwat.