Wat méi Leit géint de Coronavirus geimpft sinn, wat an der Populatioun méi eng grouss Immunitéit géint de Virus entsteet. Fir déi Immunitéit ze moossen ginn am Kader vum Large-Scale-Testing och serologesch Tester - also, Antikierpertester, gemaach.
De Pierre Reyland huet beim Haaptresponsabelen fir d'Testcampagne bei der Santé, dem Thomas Dentzer, nogefrot: Wéi funktionéieren déi Antikierpertester? Wat sinn d'Resultater bis elo? A wat seet dat iwwer d'Immunitéit géint de Coronavirus zu Lëtzebuerg aus?