Kultur
"Actions/ Travaux karstiques" oder: Alles muss eraus!
Ufank Juni 2021 war d'Kënschtlerkoppel Nicole Peyrafitte a Pierre Joris vun hirem Wunnuert New York op Lëtzebuerg gereest, well den Auteur Pierre Joris an eisem nationale Literaturarchiv mam Batty-Weber-Präis ausgezeechent sollt ginn. Entretemps ass och hir Ausstellung an der Galerie Simoncini, an der Ënneschtgaass, fir de Public opgaangen. Iwwer béid Evenementer fannt Dir Reportagen an eiser Mediathéik. Bei all kënschtlereschem Prozess gëtt et jo awer e virdrun an en duerno. An och dozou huet d'Nicole Peyrafitte dem Kerstin Thalau Spannendes erzielt.