arrow_back_ios
Kultur
Den Archiv vun der Stad Lëtzebuerg stellt sech vir an aus
Den Nationalarchiv um Helleggeeschtplateau ass deene meeschten e Begrëff. Mee anscheinend ass villen net bewosst, datt d'Stad Lëtzebuerg en eegenen Archiv huet. Seng aacht Employéë klasséieren, restauréieren a konservéieren original Dokumenter aus de Stater Verwaltungen. Dat eelst kënnt aus dem Joer 1244! Seng Schätz a seng Funktioune presentéiert den Archiv vun der Stad Lëtzebuerg bis de 27. Juni inclus an enger Expo am Lëtzebuerg City Museum. D'Kerstin Thalau iwwer déi spannend Säit vum Archivage.