Kultur
Inka & Niclas: no more "Vista points"
Zanter 2007 schaffen d'Inka an den Niclas Lindergard, aus Schweden, als Fotografen-Duo zesummen. Zanter 2007 bedeelegt sech Lëtzebuerg um europäesche Mount vun der Fotografie, kuerz EMoP. 2021 sinn zum Theema "Rethinking Nature, Rethinking Landscape" 26 Ausstellunge kräiz a queesch uechter de Grand-Duché opgaangen. D'Aarbechte vun der Koppel Inka an Niclas goufen net just fir d'Expo am Nationalmusée um Fëschmaart selektionéiert, si stellen se och an der Etüd vun Arendt a Medernach aus, goufen do ufanks des Mounts mam EMoP-Award ausgezeechent. D'Kerstin Thalau gouf méi iwwer de "Vista point" vum Duo gewuer.