An der Uertschaft Altréier - op der Schanz, wéi ee seet - gëtt et Sträit. Sträit ëm e soziale Wunnengsprojet, deen de Schäfferot zesumme mat der Fondation pour l'accès au logement realiséiere wëllt. Déi Fondatioun ass virun allem bekannt wéinst hirer Agence immobilière sociale; si ass zanter e puer Joer awer och ënner dem Numm Abitatio als Promoteur aktiv. A se gouf vun der Gemeng Bech gefrot do, wou am Moment nach déi al Schanzer Schoul steet, e Komplex mat sechs Wunnunitéiten ze bauen, déi dann u Persoune mat nidderegem Akommes solle verlount ginn. De Projet gëtt awer vun engem Deel vun de Leit am Duerf ofgeleent. De Maurice Molitor mat den Hannergrënn
arrow_back_ios
Aktuelles
Sträit op der Schanz
Episoden
Groussbritannien steet no 14 Joer virun engem Muechtwiessel
D’Labour-Partei huet d’Parlamentswal mat enger confortabeler absoluter Majoritéit gewonnen

Ried zur Lag vun der Natioun: Wéi solle Mesurë finanzéiert ginn?
Wou sinn d'Léisunge fir d'Aarmutsbekämpfung? Dat sinn d’Froen déi d’Oppositiounsparteie sech gëschter no der Ried vum Premier Luc Frieden zur Lag vun der Natioun gestallt hunn.
D'Commemoratioune fir den 80. Anniversaire vun de Landungen an der Normandie
Déi brittesch Veteranen erënnere sech.
Prozess-Optakt zu Halle: Den AFD-Chef an Thüringen, de Björn Höcke, steet viru Geriicht
Hien kritt ënner anerem virgehäit, NS-Vocabulaire benotzt ze hunn
