arrow_back_ios
Kultur
D'Eline Benjaminsen an de Kollaps vu Mythologien
Déi 8. Editioun vum European Month of Photography steet ënner dem Motto "Rethinking Nature, Rethinking Landscape". Zu Lëtzebuerg sinn zu deem Theema ronn 26 Expoen opgaangen. Déi jonk norwegesch Fotografin Eline Benjaminsen, déi an Holland studéiert, lieft a schafft, presentéiert hire Projet "Collapsed Mythologies" zum Beispill am Waassertuerm vum Centre national de l'audiovisuel zu Diddeleng. Si interesséiert sech fir eng komplett abstrakt Landschaft: d'Finanzwelt.
D'Kerstin Thalau hat d'Geleeënheet, d'Eline Benjaminsen kennenzeléieren.