Kultur
De Wil Lofy ass dout
De Lëtzebuerger Kënschtler Wil Lofy ass dout. Hien ass am Alter vu 84 Joer gestuerwen. De Wil Lofy, deen 1937 zu Esch Uelzecht gebuer gouf, ass besonnesch duerch seng Skulpturen aus den 80er an 90er Joren bekannt. Vun him ass, ënner anerem, den Hämmelsmarsch-Sprangbuer um Roude Pëtz an der Stad, d'Maus-Ketti-Skulptur zu Munneref, de Blannen Theis zu Gréiwemaacher, d'Barthel-Frantz-Monument zu Mamer oder och d'Botterfra zu Ettelbréck.
De Wil Lofy huet laang Zäit am Chile gelieft, mee ass ëmmer mat Lëtzebuerg verbonne bliwwen, wou hien och säin Atelier hat. Vesna Andonovic erënnert un de Kënschtler.