Kultur
Sader loves Graffiti(-Battles)
De Graffiti-Kënschtler Sader, Joergang 1977, kënnt ursprénglech vu Metz. Mee nodeems hien ufanks den 1990er de Streetart fir sech entdeckt a seng Geleeënheetsjobben opginn hat, ass hien als Sprayer kräiz a queesch duerch Europa, bis an den Iran, gereest an huet sech viru gutt zéng Joer zu Lëtzebuerg installéiert, als Graffiti-Kënschtler eng Plaz bei Hariko fonnt. Zejoert huet hien d'ASBL I love Graffiti lancéiert. A mat där, Esou huet HIen dem Kerstin Thalau verzielt, invitéiert hien de Grand public op e Graffiti-Battle, an zwar den 3. Juli vun zwou Auer un, um Parvis vun de Rotonden.