Kultur
Édouard, mon pote de droite
Den Édouard Philippe ass haaptsächlech als fréiere Premier Minister vu Frankräich bekannt. Och wann hien elo eng kloer riets-liberal Politik vertrëtt: dat war net ëmmer esou! De Journalist Laurent Cibien, en ale Klassekomerod vum Édouard Philippe, filmt zanter 2003 den Alldag vum Politiker. Dëse Sonndeg leeft um Sender France 5 d'Première vum Dokumentarfilm "Édouard, mon pote de droite" - en Zesummeschnëtt aus sengen dräi Joer als Premier.
Eise Korrespondent Léonardo Kahn huet sech zu Paräis mam Regisseur Laurent Cibien zu Paräis ënnerhalen. Dem 100,7 huet hie verroden, datt hien och vum Pasha Rafiy sengem Film iwwer de Jean Asselborn inspiréiert gouf.