arrow_back_ios
Kultur
E musikalescht a kinetescht Feierwierk mécht den Optakt zu Cannes
Déi franséisch Produktioun "Annette" huet gëschter Owend déi 74. Editioun vum Film Festival vu Cannes opgemaach. Et ass dat neit Wierk vum mysteriéise Filmemaacher Leos Carax, dat mat 23 aneren internationale Filmer wäert fir d'Palme d'Or dëst Joer konkurréieren. An den Haaptrolle spillen den Adam Driver an d'Marion Cotillard.