Kultur
D'"Providencia" vum Daniel Reuter
Zanter 1969 si Les Rencontres de la Photographie d'Arles feste Bestanddeel vum Kultur-Summer vun Arles. 2017 huet d'ASBL Lëtz Arles eng éischte Kéier Aarbechte vu Lëtzebuerger Fotografen an deem Kader gewisen. Och fir 2020 waren zwee Kënschtler vun engem Jury selektionéiert ginn. Mee Rencontres reimt net op Covid-19: d'Manifestatioun gouf ofgesot. Esou datt d'Lëtzebuerger Lisa Kohl an Daniel Reuter dëse Summer eréischt a Südfrankräich ausstellen. Vernissage ass den aachte Juli. No der Lisa Kohl hirem Projet presentéiert d'Kerstin Thalau dee vum Daniel Reuter.