Kultur
Hans Ulrich Gumbrecht iwwer den Denis Diderot
Den Hans-Ulrich Gumbrecht ass e renomméierte Literaturwëssenschaftler, Romanist a Publizist. Nodeems hie vun 1989 bis 2018 e Léierstull fir Komparatistik un der Stanford University hat, ass den 73-järege ewell Gaaschtprofesser op Unien op der ganzer Welt. Hien huet och eng Rei Bicher publizéiert, seng aktuell Publikatioun ass "Prose of the World: Denis Diderot and the Periphery of Enlightenment.", dat elo och op Däitsch ënner dem Titel "Prosa der Welt. Denis Diderot und die Peripherie der Aufklärung" beim Suhrkamp Verlag erauskoum. De Gumbrecht war kierzlech op Invitatioun vum Institut Pierre Werner zu Lëtzebuerg. D'Valerija Berdi huet mat him iwwer säi Wierk geschwat.