Kultur
Lëtz Arles feiert fënnefte Gebuertsdag
A Südfrankräich hunn 2020, wéinst Corona, jo en etlech Summer-Manifestatioune missen annuléiert ginn. Mee aktuell erhëlt d'Kultur sech lues awer sécher. Sécher? Jo, well esouwuel d'Kinosfilmer zu Cannes, wéi och d'Bünekonscht zu Avignon an d'Fotografie zu Arles ginn no verschiddene sanitäre Mesurë gewisen.
Zu Arles och Fotoaarbechte vun den zwee Lëtzebuerger Kënschtler Daniel Reuter a Lisa Kohl. Encadréiert goufe si vun der ASBL Lëtz Arles. D'Kerstin Thalau huet mat der Lëtz-Arles-Presidentin Florence Reckinger-Taddeï no der Semaine d'ouverture Bilan gezunn.