VaLibrairie
VaLibrairie
All Joer organiséiert den Nationale Literaturarchiv am Park vum Mierscher Servais-Haus de Summerdag vun der Literatur. D'lescht Joer war dëst Fest vun der Literatur wéinst dem Confinement ausgesat ginn an dëst Joer sollt Summerfest dëse Sonnden iwwer d'Bün goen. Miersch, an domat och den CNL, goufen elo vun den aktuellen Iwwerschwemmunge schwéier betraff an aus dem Gronn huet och d'Summerfest missen ofgesot ginn.
Mir huelen d'Summerfest awer an enger konzentréierter Form bei eis op de Radio. An eiser Literatur-Emisioun VaLibrairie kommen d'Autorinnen an Auteuren mat hiren neie Bicher zu Wuert.
Eis Gäscht sinn:
Nathalie Jacoby, Directrice vum CNL
Susanne Jaspers, Editrice Capybarabooks
Margret Steckel mat hirem Buch "Daisy Fiedler"
Yorick Schmit mat "D'Sandmeedchen"
Anne-Marie Reuter mat "Blue"
Joseph Kayser mat "Lapsuus"
Jeff Schinker mat "Ma vie sous les tentes"
D'Claudine Muno spillt live Stécker vun hirer neier CD "Are You Still Listening?"
Moderatioun: Valerija Berdi a Michel Delage