D’Valerija Berdi stellt zwou Damme vir, déi mat hirer Literatur net nëmme si iwwerzeegt hunn. Déi eng ass déi syresch Poetin Maram al Masri. Si krut dëst Joer um Festival de Prix Ganzo. E Präis fir d’Poesie, mat deem viru genee 10 Joer d’Anise Koltz zu Saint Malo ausgezeechent gouf. Wat e schéinen Zoufall a grad esou eng schéin Iwwerraschung war, wéi si an der Maram al Masri hirem Gedichtsband “Je te menace d’une colombe blanche”, Editions Bruno Doucey, d’Nowuert entdeckt huet: d’Postface huet de Lambert Schlechter verfaasst.
Déi zweet Schrëftstellerin ass d’Hala Moughanie. D’Libaneesin beschreift an hirem Roman “Les bestioles”, deen am Verlag elyzad erauskoum ass, d’Situatioun vun engem Epicier, deen d’Explosioun um Hafe vu Beyrouth de 4. August 2020 iwwerlieft huet.
2.750 Tonnen Ammoniumnitrat waren explodéiert. Et gouf iwwer 200 Doudeger, méi wéi 6.500 Blesséierter a méi wéi 300.000 Mënsche sinn do ouni Dach iwwer dem Kapp bliwwen.
Dës Katastroph, matten an der Covid-Pandemie a wärend der dramatescher wirtschaftlecher a politescher Kris am Libanon, huet natierlech d’Populatioun gepräägt.
Am Roman “Les bestioles” begleede mir véier Deeg laang de Protagonist duerch d’Ruine vu Beyrouth, seng Renconteren a seng Iwwerleeungen, seng Trauer, seng Roserei a seng Zweiwel un den Informatiounen, déi d’Vollek kritt huet iwwer dës katastrophal Explosioun.
Zwou literaresch Stëmmen, déi iwwer hir Wierker, hir perséinlech a gesellschaftlech Situatioun erzielen.