Obwuel d'Beléiftheet vum éisträichesche Bundeskanzler Sebastian Kurz a senger konservativer ÖVP nogelooss huet, ka bis elo keng vun de groussen Oppositiounsparteie Kapital doraus schloen. Dorop déiten op d'mannst eng Partie Ëmfroen an Éisträich hin. Dëst huet wuel och domat ze dinn, datt dës Konkurrente politesch riets a lénks vun der ÖVP an der Lescht virun allem mat sech selwer beschäftegt waren. Nom Muechtkampf bei der riets-nationaler FPÖ war et an de leschten Deeg un de Sozialdemokraten, fir sech mediewierksam selwer ze demontéieren. Eng Korrespondenz vum Stephan Polet
arrow_back_ios
Aktuelles
Éisträichesch Sozialdemokraten am Sträit
Episoden
Groussbritannien steet no 14 Joer virun engem Muechtwiessel
D’Labour-Partei huet d’Parlamentswal mat enger confortabeler absoluter Majoritéit gewonnen

Ried zur Lag vun der Natioun: Wéi solle Mesurë finanzéiert ginn?
Wou sinn d'Léisunge fir d'Aarmutsbekämpfung? Dat sinn d’Froen déi d’Oppositiounsparteie sech gëschter no der Ried vum Premier Luc Frieden zur Lag vun der Natioun gestallt hunn.
D'Commemoratioune fir den 80. Anniversaire vun de Landungen an der Normandie
Déi brittesch Veteranen erënnere sech.
Prozess-Optakt zu Halle: Den AFD-Chef an Thüringen, de Björn Höcke, steet viru Geriicht
Hien kritt ënner anerem virgehäit, NS-Vocabulaire benotzt ze hunn
