Kultur
A "Brave New World Order" op der 5. Triennale Jeune Création
Sou ... elo awer ...? D'Triennale Jeune Création ass eng wichteg Plattform fir jonk plastesch Kënschtler aus der Groussregioun. Déi fënneft Editioun sollt virun engem Joer Vernissage hunn. De Montage war allerdéngs ënner de Corona-Konditiounen net ze realiséieren. Zum Theema "Brave New World Order" waren nämlech eng 40 Konschtwierker selektionéiert ginn. Vum 2. Juli u kënnt Dir se awer elo an de Rotonden an am Casino entdecken. D'Kerstin Thalau ass vum Marc Scozzai, dem Coordinateur vun der Triennale vun de Rotonden, an dem Kevin Muhlen, dem Curateur vun der Expo, méi gewuer ginn.