Kultur
D'Suzanne Cotter verléisst Enn 2021 de Mudam
D'Opportunitéit de Musée fir zäitgenëssesch Konscht zu Sydney an hirem Heemechtsland Australien ze leeden, an de Besoin no engem Joer Pandemie méi no bei der Famill ze sinn - déi Ursaache nennt d'Suzanne Cotter am 100,7-Interview fir hiren Depart no véier Joer als Direktesch vum Mudam. Fir Ausstellungen, déi fir d'nächst Joer geplangt sinn, géif si och weider déi kuratoresch Leedung iwwerhuelen, esou d'Suzanne Cotter.
No der Demissioun vum Enrico Lunghi war si 2018 Direktesch vum Musée d'Art Moderne Grand-Duc-Jean um Kierchbierg ginn. Virdrun huet d'Konschthistorikerin fënnef Joer laang de Serralves Musée fir zäitgenëssesch Konscht zu Porto geleet a fir d'Solomon R. Guggenheim Foundation vu New York um Guggenheim Abu Dhabi-Projet geschafft.
D'Vesna Andonovic huet mat der Konschthistorikerin geschwat.