Soll den éisträichesche Bundeskanzler Sebastian Kurz an enger Affär, wou géint hien ermëttelt gëtt, vun engem Riichter oder vum Parquet, deen enquêtéiert, befrot ginn? Wat no engem onwichtegen Detail kléngt, gëtt an Éisträich dëser Deeg kontrovers diskutéiert. D'Oppositioun schwätzt vun enger Zwee-Klasse-Justiz. Déi konservativ Regierungspartei ÖVP notzt d'Situatioun iwwerdeems fir op en Neits d'Objektivitéit vum Parquet a Fro ze stellen. Eng Korrespondenz vum Stephan Polet
arrow_back_ios
Aktuelles
Zwee-Klasse-Justiz an Éisträich?
Episoden
Groussbritannien steet no 14 Joer virun engem Muechtwiessel
D’Labour-Partei huet d’Parlamentswal mat enger confortabeler absoluter Majoritéit gewonnen

Ried zur Lag vun der Natioun: Wéi solle Mesurë finanzéiert ginn?
Wou sinn d'Léisunge fir d'Aarmutsbekämpfung? Dat sinn d’Froen déi d’Oppositiounsparteie sech gëschter no der Ried vum Premier Luc Frieden zur Lag vun der Natioun gestallt hunn.
D'Commemoratioune fir den 80. Anniversaire vun de Landungen an der Normandie
Déi brittesch Veteranen erënnere sech.
Prozess-Optakt zu Halle: Den AFD-Chef an Thüringen, de Björn Höcke, steet viru Geriicht
Hien kritt ënner anerem virgehäit, NS-Vocabulaire benotzt ze hunn
