Kultur
Vu Graffiti-Sprayer zu Kënschtler
7 min
Gutt 25 Joer no hiren Ufäng zielen de Sumo, de Spike, de Stick haut zu de Pionéier vun der Graffiti-Konscht am ëffentleche Raum vu Lëtzebuerg. Konscht? Jo, ënner der Bezeechnung Street-Art ass de Genre ewell gesellschaftlech unerkannt, gëtt net méi als Vandalismus oder Schmiererei gesinn. De Sumo lieft haut vun dëser Konscht, bedreift eng Street-Art-Galerie. Net tëschent dem zweeten an dem aachten August: do steet hien ënner der Däichbréck zu Ettelbréck a verwandelt, mat 15 aneren Urban-Art-Kënschtler, hir Pilieren an eng Open-Air-Gallery. D'Kerstin Thalau am Gespréich mam Sumo.