Kultur
D'Aurélie d'Incau huet wäiss gesinn
D'Aurélie d'Incau, Joergang 1990, huet zu Maastricht bildend Konscht studéiert, duerno e Service volontaire européen an engem Foyer fir Mënsche mat mentale Beanträchtegungen a Portugal gemaach, ass zu Lissabon hänke bliwwen, a bilt sech do elo am Beräich Konschtpädagogik virun. D'Kënschtlerin ass hei als eng vun den Initiatorinne vun der Antropical-Summer-Kënschtlerresidenz zu Stengefort bekannt.
Bis Enn August stellt d'Aurélie d'Incau bei der Triennale jeune création an de Rotonden aus. D'Kerstin Thalau huet si do virun hirem Depart a Portugal begéint.