arrow_back_ios
Kultur
D'Bréck 516 vun Arouca
Arouca ass eng kleng Stad am Norde vu Portugal, déi zu der Metropolregioun Porto gehéiert. Nach ni eppes dovunner héieren? Tja ... vläicht vun elo u méi heefeg: zu Arouca gouf nämlech am Fréijoer 2021 déi längste Foussgänger-Hängebréck ageweit. Mëttlerweil gehéiert se schonn zu de beléiften Attraktiounen, och well se de Bléck op e luxuriéisen Dekor erlaabt. Eis Portugal-Korrespondentin Marie-Line Darcy hëlt Iech mat op d'Bréck 516 vun Arouca.