arrow_back_ios
Kultur
D'Expo "Rapture" vum Ai Weiwei
Den dissidente chineesesche Kënschtler Ai Wei Wei huet decidéiert, a Portugal ze liewen. Zu Lissabon huet hien am Juni seng neisten Ausstellung opgemaach. Ënner dem Titel "Rapture" presentéiert hien originell Aarbechten zu de Sujeten, déi him um Häerz leien: an zwar d'Mënscherechter an d'Meenungsfräiheet. Seng riseg Installatiounen, provokant Skulpturen, Dokumentar-Videoe si bis den November an der nationaler Corderie am Lissabonner Quartier Belém ze gesinn. Vu Lissabon d'Marie-Line Darcy