arrow_back_ios
Kultur
Hiren Numm ass Krystyna Dul, net "dull"
D'#metoo-Beweegung huet d'Kënschtlerin Krystyna Dul nawell beweegt. Déi gebierteg Polin, déi zu Wëntreng lieft a schafft, war schockéiert iwwer d'Zuel vun den Temoignagen, net just vu Zelebritéiten, mee och bei hire perséinleche Connaissancen. Am Kader vun der fënnefter Triennale jeune création presentéiert d'Krystyna Dul dowéinst déi schwaarzwäiss Stommfilm-Installatioun #youtoo. D'Kerstin Thalau war an de Casino, an der Ënneschtgaass, kucken.