Kannerkëscht
D'Mickey Mouse ass nach ëmmer do!
4 min
Wann ech iech d'Fro stellen: Hutt der schonn emol an ärem Liewen e Mickey-Mouse-Comic geliest, där kennt se dach déi kleng dënn Hefter mat den Aventure vum Mickey, Donald a Goofy? Da sinn der bestëmmt vill déi JO mam Kapp rëselen. A bestëmmt wäerten är Elteren oder Grousselteren do och soen: "Jo, déi hunn ech geliest" Et si elo schonn 70 Joer hir datt dat éischt Mickey-Mouse-Heft an eise Géigenden op de Marché koumen a verkaf konnte ginn. Mä besonnesch bei eisem däitschen Noperen hat de Mickey Mouse Comic et um Ufank net einfach, well an Däitschland der vill vun ZITAT: "SCHUNDHEFTER" geschwat hunn.