Kultur
By the same paths mam Armand Quetsch
War Dir an der Lescht emol um Escher Boulevard Prince Henri op der Héicht vum Eisebunn-Viaduc? Do sinn dach net d'Bëtongs-Pilieren, déi d'Bréck stäipen, duerch Bamstämm ersat ginn!! Oder ass dat just eng Illusioun? D'Stämm sinn nämlech och net faarweg, mee schwaarzwäiss ... Effektiv huet de Fotograf Armand Quetsch d'Piliere mat Fotoen an original Bamhéicht iwwerpecht. Dat op Invitatioun vun der Escher Konschthal, kuerz virun hirer offizieller Ouverture an am Kader vum European Month of Photography. D'Joanne Klopp huet sech mam Armand Quetsch ënnerhalen.