Kultur
Verhaalt Crisan a Cozzani
D'Triennale jeune création versteet sech als Plattform fir jonk Kënschtler aus der Groussregioun. Bei der aktueller fënnefter Editioun kommen en etlech Participanten aus dem franséischen Deel. Vläicht huet de Sujet "Brave New World Order" si besonnesch ugeschwat?
D'Emma Cozzani, 1989 zu Ajaccio gebuer, elo eng Zäitchen zu Stroossbuerg doheem, huet e ganz pertinent fonnt. Dat selwecht gëllt fir d'Stefania Crisan, 1993 a Rumänie gebuer, pendelt haut tëschent hirer Heemechtsstad Timisoara a Metz. D'Kerstin Thalau huet d'Kënschtlerinne kennegeléiert.