arrow_back_ios
Kultur
Theaterfest an Theaterpräis
Et war d'Lëtzebuerger Theaterfederatioun, déi scho laang en nationale Präis fir d'Acteure vum Theater revendiquéiert huet. Dëst Joer ass et dann esou wäit. De Kulturministère huet dës Fuerderung, déi och am Kulturentwécklungsplang festgehale gouf, ëmgesat. A véier Kategorien ginn de 17. September nieft dem Danzpräis och d'Theaterpräisser iwwerreecht. D'Valerija Berdi huet mam Claude Mangen, President vun der Theaterfederatioun iwwer dës Präisser geschwat.