Kultur
Victor Hugo à Vianden
Am Joer 1902 gouf dem Victor Hugo säin 100. Gebuertsdag gefeiert. Do hat de Lëtzebuerger Auteur René Engelmann en Essai iwwer den Victor Hugo publizéiert. Dëst Joer sinn et 150 Joer hier, datt de Victor Hugo fir d'lescht zu Lëtzebuerg war. An deem Kontext hunn d'Amis de la la Maison Victor Hugo de Vianden dës Editioun nei publizéiert, mat enger Aféierung vum Yves De Smet.
D'Valerija Berdi huet sech mam Yves De Smet iwwer dës Publikatioun ënnerhalen. Den Yves De Smet ass Neuropsychiater an Auteur. An déi éischt Fro ass dann, wéi hien zum Victor Hogo koum.