Kultur
KulturLX: Nei Resonsabel fir Secteure Literatur an Theater
D'Karriär vu KënschlerInnen ënnerstëtzen an opbauen, si am Ausland promovéieren an déi artistesch Kreatioun diffuséieren, sinn d'Aufgaben vum Arts Council, deen am Juli 2020 am Kader vum nationale Kulturentwécklungsplang ënner dem Numm KulturLX gegrënnt gouf. Sechs Departementer solle sech ëm spezifesch Kultursecteure këmmeren.
Den 1. September huet de Jean-Philippe Rossignol als Responsabele fir d'Literatur an d'Editioun säi Posten ugetrueden, an de Victor Mayot ass Zoustännege fir de Spectacle vivant. D'Valerija Berdi huet iwwer dëse Choix mat den zwou Coordinatricen vu KulturLX geschwat, der Valérie Quilez an Diane Tobes.