Kultur
D'Laurie Lamborelle an den Thai-Basilikum
Ufanks Fréijoer huet d'Associatioun vun de plastesche Kënschtler vu Lëtzebuerg, kuerz AAPL, um Verluerekascht en Haus mat Kënschtleratelieren ageweit. Mëttlerweil sinn an de fréiere Lief- a Schaffraim vun der Police eng 30 Kënschtler a Kreativer aktiv. Zum Beispill d'Kleederdesignerin Laurie Lamborelle, Joergang 1985, ausgebilt zu Berlin, Antwerpen a London. Haut kreéiert si -fräischaffend- fir Privatclienten an de Konschtmilieu, also Theaterproduktiounen an am léifsten Danzspektakelen. D'Kerstin Thalau mat engem ZesummeSCHNËTT vu sengem Gespréich mat der Laurie Lamborelle.