Kultur
Mat Science-Fiction fir den Eeschtfall üben
Kricher kënnen onberechenbar sinn. Den Hannibal hat d'Réimer bezwongen, andeems hie si mat engem Elefant vun den Alpen aus ugegraff huet, d'Fransouse waren 1940 net op eng däitsch Militäroffensiv aus dem Oste virbereet a grad si mir Zeien, wéi westlech Muechten d'Taliban ënnerschätzt hunn.
Fir dee Risiko ze verréngeren, huet de franséische Verteidegungsministère 2019 een europawäit eemolegt Konzept entwéckelt: Science-Fiction-Auteure solle fir d'Arméi zukünfteg Krichzenarien ausdenken. Déi éischt Staffel koum elo am Summer eraus. Eise Paräis-Korrespondent Leonardo Kahn huet mam sougenannte Red-Team geschwat.