Kultur
Keng "Providencia": Les Rencontres d'Arles ginn op en Enn
Klenge Reminder: d'Rencontres de la Photographie d'Arles ginn nach bis de Sonndeg 26. September inclus. Mat dobäi d'Lëtzebuerger Kënschtler Daniel Reuter a Lisa Kohl, déi hir Fotoinstallatiounen an der historescher Chapelle de la Charité am Zentrum vun Arles ausstellen. Bis a Südfrankräich packt Dir et dës Woch net? Mee, béid Aarbechte reesen nom Demontage op Esch, fir do am Kader vun der Ouverture vun der Konschthal, den zweeten an drëtten Oktober, dem Lëtzebuerger Public presentéiert ze ginn. D'Kerstin Thalau hat mam Daniel Reuter zu Arles doriwwer rieds, wéi vill Zäit tëschent Fotoprojet a Fotoexpo vergeet.