Kultur
Däitschsproocheg Literaturkritik an der Nationalbibliothéik
"Literatur hoch 3" heescht d'Konzept vum fräie Literaturkritiker Jérôme Jaminet. Dräi Bicher , dräi Länner, dräi Kritiker. Des Kéier hat d'Nationalbibliothéik invitéiert a mam Jérôme Jaminet huet déi däitsch Literaturkritikerin Insa Wilke, déi kierzlech als Presidentin vum Jury vum Leipziger Buchpreis nominéiert ginn ass, a mam éisträicheschem Literaturkritiker Klaus Kastberger dräi nei Publikatiounen beschwat. Och dat neit Buch vum Francis Kirps. Valerija Berdi huet mat den zwee Literaturkenner iwwer hier Vue op Lëtzebuerger Literatur an op d'Entwécklung vun der däitschsproocheger Literatur geschwat.A wat déi d'Literaturkritikerin Insa Wilke an de Literaturkritiker Klaus Kastberger iwwer dem Francis Kiprs säin neit Erzielband "Eber im Nebel" gesot hunn, dat héiert der dëse Sonnden vun 11 bis 12 an eiser Literatursendung "Déi wonnerbar VaLibrairie".