De Weekend vum 24. bis den 26. September ass déi 14. Editioun vum Festival Printemps des poètes.
Eng Manifestatioun, déi, wéi den Numm et scho seet, normalerweis am Fréijoer iwwer d'Bün geet. Zanter leschtem Joer gouf d'Fréijoer wéinst dem Confinement an den Hierscht verluecht.
Wat ee sech op dësen dräi Deeg vun internationaler Poesie erwaarde kann, verréit d'Ekipp vum Printemps des poètes vu Lëtzebuerg um Mikro vum Valerija Berdi.