Kultur
D'Hélène Mutter "schwëmmt" an Neimënster
Kënschtlerresidenzen hu mëttlerweil eng fest Plaz an der Programmatioun vum Neimënster. Kënschtler aus ganz ënnerschiddlechen Disziplinne kréien an der Abtei eng Plaz fir a Rou ze experimentéieren a vun enger Infrastruktur an techneschem Knowhow ze profitéieren. An der Reegel sinn och Rencontere mam Public virgesinn. Am Summer 2021 sinn dem Moler Álvaro Marzán Díaz an der visueller Kënschtlerin Hélène Mutter hir Residenzen, wéinst dem Héichwaasser, souzesoen e bëssen an d'Waasser gefall. Den Díaz wäert 2022 erëmkommen, d'Hélène Mutter huet versicht, awer iergendwéi weiderzekommen. D'Kerstin Thalau gouf méi iwwer hir Recherche gewuer.