Kultur
Weekend d'Ouverture an der Escher Konschthal
Den däitsche Begrëff "Kunsthalle" bezeechent eng net kommerziell Institutioun, an der Konschtauststellungen organiséiert ginn. Et handelt sech deemno weder ëm e Musée, deen eng eege Sammlung huet, nach ëm e Kënschtlerhaus mat Atelieren, nach ëm eng Galerie, och wann ee bei "Kunsthalle" vläicht u "Markthalle" erënnert gëtt. De Weekend vum 2 an 3. Oktober geet zu Esch-Uelzecht d'"Escher Konschthal" op, mat spannenden Ausstellungen, Concerten, engem Kënschtlergespréich. Dir sidd alleguerten häerzlech invitéiert! D'Kerstin Thalau ass vum Direkter Christian Mosar méi iwwert seng Konschthal-Pläng gewuer ginn.