"D'Regierungskrise ass eriwwer." Mat dëse Wierder huet den éisträichesche Bundespresident Alexander Van der Bellen gëschter annoncéiert, datt hien haut mam Alexander Schallenberg ee neie Bundeskanzler vereedege wäert.
E Samschden war de Sebastian Kurz als Kanzler zeréckgetrueden. Dat e puer Deeg nodeems bekannt gouf, datt géingt hien a Leit a sengem Ëmfeld wéinst Korruptioun a Verontreiung ermëttelt gëtt. Trotzdeem bleiwen awer nach vill oppe Froen, wat déi politesch Zukunft an Éisträich ugeet.