Kultur
Der Nora Turato hire Punkt
6 min
Queesch iwwert d'Mauer vun enger vun de Mudam-Galerien steet aktuell "eeeexactlyyy my point." geschriwwen. Op hypnoteschem, psychadeleschem, blo-orangem Fong. Et handelt sech dobäi net ëm eng Pub aus den 1970eger, mee ëm eng Peinture, déi 18 Meter laang an 8 Meter héich ass. E Wierk vun der gebierteger Kroatin Nora Turato, déi zousätzlech eng Rei Affichen am Espace public vun der Stad verdeelt huet, an déi fir di nei Gruppenexpo "Post-Capital: Konscht an Économie am digitalen Zäitalter" eng nawell zimlech dynamesch Performance gebueden huet. D'Kerstin Thalau war se kucken.