Kultur
Lëtzebuerg op der Frankfurter Buchmesse
D'Frankfurter Buchmesse huet no engem Joer Paus seng Dieren dëst Joer vum 20. bis de 24. Oktober opgemaach. Et ass eng Bicherfoire, déi sech virun allem u Bicherediteure riicht, mee de Weekend ass och de grousse Public wëllkomm. Och Lëtzebuerger Editiounshaiser an hir SchrëftstellerInne sinn op der Plaz. Gedroen an organiséiert vum Departement Literatur an Editioun vu Kutur | lx sinn net just Bicher exposéiert, mee och eng Rei Diskussiounen ronderëm d'Buch sinn organiséiert.
Eis Mataarbechterin aus der Kulturredaktioun Valerija Berdi moderéiert eng Diskussiounsronn zum Sujet "Bicherblogger - nei Experienzen". All dës Panels kënnen online gekuckt ginn. D'Valerija Berdi verréit am Gespréich mam Kerstin Thalau Detailer.