Kultur
De Retour vum William Kentridge
Beim "red bridge project" handelt et sech ëm e gemeinsame Projet tëschent der Philharmonie, dem Mudam an dem Groussen Theater, déi hir Haiser, plus hiren techneschen Knowhow engem Kënschtler zur Verfügung stellen. An der Saison 20/21 dem Südafrikaner William Kentridge, deen zanter iwwer 30 Joer erfollegräich Animatiounsfilmer an experimentell Theaterperformancë kreéiert. De 4., 5. an 11. November invitéiert hien op e Marionettespektakel an der Philharmonie an op eng Adaptatioun vum Kurt Schwitters senger Ursonate am Kapuzinnertheater.
Dir héiert hei en Echange tëschent dem William Kentridge an dem Lëtzebuerger Dramaturg Olivier Ortolani.