Kultur
Den Daan Botlek huet zu Ettelbréck Mooss geholl
Eng originell Iddi fir d'Hierschtvakanz: eng Open-Air-Gallery zu Ettelbréck kucke goen ...am Reen?? Den Ettelbréck City Tourist Office hat dëse Summer 15 Streetart-Kënschtler invitéiert, déi d'Piliere vun der Däichbréck als eng Aart Staffelei notze konnten. D'Konschtwierker, a gréisstendeels intensive Faarwen, sollen esou laang et geet op de Mauere bleiwen, och a groer Zäit fir Stëmmung suergen. Open-air, mee mat der Däichbréck iwwer dem Kapp, kënnt een esouguer elo dréchen duerch d'Galerie. An entdeckt zum Beispill dem Daan Botlek seng Aarbecht. D'Kerstin Thalau war dem Kënschtler begéint.