arrow_back_ios
Kultur
Mohamed Mbougar Sarr gewënnt de Prix Goncourt
De franséische Literaturpräis Prix Goncourt gouf gëschter un de senegaleeseschen Auteur Mohamed Mbougar Sarr fir säi Roman "La Plus Secrète Mémoire des hommes" iwwerreecht. De Prix Goncourt ass dee wichtegste Literaturpräis a Frankräich an normalerweis gewannen e franséisch Auteuren, déi vu grousse Verlagshaiser editéiert ginn. Bei dëser Editioun vun der Zeremonie huet sech munches geännert, mengt eise Paräis-Korrespondent Léonardo Kahn.