Kultur
Dem William Kentridge seng Faszinatioun fir Poppentheater
De Südafrikaner William Kentridge ass haut ee vun de bedeitendsten zäitgenëssesche Kënschtler. Besonnesch bekannt si seng mat Kuel gezeechent Animatiounsfilmer, riseg Rauminstallatiounen, déi op der dokumenta oder der Biennale zu Venedeg ze gesi waren. De Mudam, d'Philharmonie an de Groussen Theater haten de Kentridge fir hire gemeinsame red-bridge-project invitéiert. An deem Kontext proposéiert de Kënschtler den zwieleften November eng Versioun vum Kurt Schwitters senger "Ursonate", de véierten a fënneften November "Il ritorno d'Ulisse" als Figurentheater. Den Dramaturg Olivier Ortolani huet mam William Kentridge iwwer seng Faszinatioun fir Marionnette geschwat.